Wien ass net fir den Nelson Mandela?
0 Comment
Wéi den Donneschdeg Owend den Nelson Mandela gestuerwen ass, do sinn banne Sekonnen iwwerall an der ganzer Welt, an de soziale Medien, am Radio an op der Tele Noriff publik gemaach ginn. Kaum ee Politiker, den de Nelson Mandela net als e grousse Staatsmann, als Kämpfer fir Fräiheet a Gerechtegkeet an als säi Virbild duergestallt huet. Déi Frostellung, déi eis hei interesséiert ass awer, firwat een, den an der Zäit net nëmme vun engem Ronald Reagan, engem Maggy Thatcher, vu CSV-Europadeputéierten oder Wort-Leitartikler als Terrorist bezeechent gouf, haut vu praktesch alle politesche Borden als Held duergestallt gëtt.