06
Mai
Visite vum Minister Franz Fayot vum CITIM
0 Comment
Am Kader vun der Reouverture vum Centre d’Information Tiers Monde huet de Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, déi nei Raimlechkeeten besichtegt.
D’CITIM-Equipe huet bei dëser Geleeënheet déi verschidden Offeren vun der spezialiséierter Nord-Süd Bibliothéik virgestallt.
De Richard Graf, Präsident vun der ASTM huet ënnerstrach, dass et fir d’Bibliothéik wichteg war firam Garer Quartier ze bleiwena virun allem an engerakzeptabeler Distanz zur Gare selwer, well déi grouss Majoritéit vun eise Notzer*innen engersäits jonk, an anerersäits op den ëffentlechen Transport ugewise sinn.
Och de Minister huet déi wichteg Roll, déi de CITIM virun allem an der Educatioun a Sensibiliséierung vu Jonker am Beräich vun der internationaler Solidaritéit spillt, bei senger Visite ervirgehuewen.
D’Websäit vum CITIM: www.citim.lu
