07
Juin
Podcast EP28: Endlech e Liwwerkettegesetz fir Entreprisen zu Lëtzebuerg?
0 Comment
Gaascht: Jean-Louis Zeien (Sécrétaire général Justice & Paix a Präsident vu Fairtrade Lëtzebuerg)
Mëtt Mee hunn déi zwee Deputéiert Sven Clement an Nathalie Oberweis e Gesetzesentworf fir e Liwwerkettegesetz fir Entreprisen an der Chamber deposéiert. Mam Co-Coordinateur vun der Initiative pour un devoir de vigilance pour entreprises au Luxembourg Jean-Louis Zeien schwätze mir iwwert genau dësen Entworf. Wéi ass et dozou komm? Firwat däerf een net op eng europäesch Legislatioun waarden? Ween si progressiv Acteuren a wien si Bremser? Mir analyséieren d’Entwécklung vun de leschten 3 Joer an dësem Dossier.
Lauschtert eran!
