ASTM News

01
Juil

Nei Matarbechterin ASTM Klima-Bündnis

Salut! Ech sinn d’Christine Nehrenhausen an ech schaffe säit Juni 2024 bei der ASTM am Beräich Klimasensibiliséirung an Erwuessenebildung an de Klimabündnis-Gemengen.

No mengem Studium vun de Politikwëssenschaften hunn ech als Kommunikatiounsberoderin am institutionelle Beräich geschafft, éier et mech bei bei FSC Lëtzebuerg – Fir en nohaltege Bësch asbl gezunn huet. Do ware meng Häerzensthemen de Klimawandel mat sengen Auswierkungen op den Ökosystem Bësch an déi negativ Suite vun den Ofholzungen op d’indigen Bevëlkerungen. Wann der mech net grad mat der Nues an engem Buch gesitt, sinn ech gären op de verschiddene kulturellen an ëmweltpoliteschen Eventer ronderëm d’Land.

Ech freeë mech, elo en Deel vum Team Klima-Bündnis / ASTM ze sinn an zesumme mat aneren engagéierte Leit d’Theme vun der Klimagerechtegkeet an Nord-Süd Solidaritéit  ze behandelen. Ech hoffe mer treffen eis och gläich an ärer Gemeng fir flott Workshops oder Filmvirféierunge mat ureegenden Diskussiounen.

Méi Informatiounen zum Klima-Bündnis

Vous faites un don à : Action Solidarité Tiers Monde

Combien souhaitez vous donner ?
€10 €25 €50
Souhaitez-vous faire un don permanent? Je souhaiterais faire un Don(s)
Combien de fois souhaitez vous répéter le paiement (celui-ci inclus)*
Prénom*
Nom de famille*
Email *
Téléphone
Adresse
Note
en chargement ...