ASTM News

03
Mai

Kommt op de Klimadag!

De 7. Mee 2023 tëscht 10.30 bis 18.00 Auer, am Recyclingcenter Mënsbech!

D’Entrée ass fräi!

Organisateuren: den Ëmwelt- a Naturschutzsyndikat SIAS, zesumme mat de Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter.

Ouverture um 10:30 Auer Food trucks ab 11:30 Auer

D’Klima betrëfft eis alleguer. An awer ass et net ëmmer ganz einfach den Duerchbléck ze behale…Wéi hänkt d’Klima beispillsweis zesumme mat Energie, Ressourcen, Kreeslafwirtschaft, Landwirtschaft, Ernierung an Naturschutz?
E villfältege Klimadag-Programm mat Workshops, Spiller, interaktive Stänn a Live Virträg bitt iech d’Geleeënheet an enger agreabeler Ambiance Äntwerten op dës Froen ze fannen a méi iwwer d’Klima gewuer ze ginn. Villäicht fannt dir um Klimadag och Iddie wéi een am Alldag kleng Schrëtt goe kann, déi awer ee groussen Ënnerscheed maache kënnen.

De ganze Programm fir Grouss a Kléng fannt dir op: www.sias.lu/klimadag

Highlights vum Klimadag sinn ënner anerem:
– Première vu Filmer zu Nohaltegkeetstheemen produzéiert vu lokale Schoulkanner fir eise Klimadag – Live Virtrag vum Andrew Ferrone iwwer Léisunge zum Klimawandel um 13:30
– Live Virtrag vum Sabine Kessler iwwer Klima & Ernärung zu Lëtzebuerg um 11:30
– Interaktiv Liesung fir Kanner ‘Betti a Litti spille mam Dreck’ vun der Ëmweltberodung um 12:45 an 15:00 Auer
– Aktivitéiten iwwer naturno Gäert an hire Notze fir eis Biodiversitéit mam SIAS Naturschutzteam – Geméisbauer aus der Solidarescher Landwirtschaft (SOLAWI) mat Jonkplanzenverkaf
– Repair Café

Falls et iech méiglech ass, maacht een éischte Schrëtt a probéiert zu Fouss, mam Vëlo, Zuch oder Bus op de Klimadag ze kommen. Infos zum Gratis Service Navette ënner sias.lu/klimadag.

Wien ass dobäi um Klimadag? Andrew Ferrone (ASTA), Mouvement Ecologique, Oekozenter Pafendall, Klimabündnis Lëtzebuerg/ASTM, Klima-Agence, MeteoLux, Institut fir Biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur Luxemburg (IBLA), Jonkfuerscher, SuperDrecksKëscht, Biologesch Statioun SIAS, Antigaspi Expo, youth4planet (entwéckelen ee Filmprojet mat Schoukanner), Ëmweltberodung a vill anerer. Natierlech maachen mir och Repair Café mam CELL.

Vous faites un don à : Action Solidarité Tiers Monde

Combien souhaitez vous donner ?
€10 €25 €50
Souhaitez-vous faire un don permanent? Je souhaiterais faire un Don(s)
Combien de fois souhaitez vous répéter le paiement (celui-ci inclus)*
Prénom*
Nom de famille*
Email *
Téléphone
Adresse
Note
en chargement ...