
Interview
Gaascht: Alia Bengana
Mam Alia Bengana schwätze mir iwwert Bëtong, iwwert Sand, iwwer Architektur an iwwert d’Zukunft vum Bauen.
D’Gespréich ass op Franséisch.
Links:
Opzeechnung vun der Konferenz “Les impacts du recours massif au béton dans le Sud global” : www.youtube.com/watch?v=fQ8cMCmFWMA&t=1218s
Websäit Alia Bengana: www.aliabengana.com
Websäit Luca: www.luca.lu
Wëssenschaftlech Artikele vum Allia Bengana: www.heidi.news/profil/alia-bengana
Kultur mam Anne
Kiran Pereira – Sand stories : surprising truths about the global sand crisis and the quest for sustainable solutions
Interview
Gaascht: Ros Amils (CEDIB – Centro de Documentación e Información Bolivia)
Mam Ros Amils vum Dokumentatiounszentrum CEDIB a Bolivien iwwert de Roll vun enger Bibliothéik an enger Gesellschaft. Wéi huet des sech verännert? Firwat kann eng Bibliothéik zu enger Gefor fir d’Machthaber ginn? Wéi ass eng Bibliothéik a Bolivien mat eis hei zu Lëtzebuerg verbonnen?
D’Gespréich ass op Englesch, opgeholl mam Tool zencastr.com.
Weider Links:
CEDIB
https://www.cedib.org/conocenos/
https://www.instagram.com/cedibolivia/
https://www.facebook.com/CEDIBolivia
ASTM a CEDIB:
https://astm.lu/le-fonds-documentaire-de-cedib-partenaire-de-lastm-est-en-danger/
https://astm.lu/portfolio/cedib/
Kultur mam Anne vum CITIM:
https://www.instagram.com/citim.lu/?hl=fr
Interview
Gäscht: Mauricio Iximaweteri (Yanomami) & Silvio Cavuscens (Secoya)
De Yanomami Mauricio Iximaweteri war op Besuch zu Lëtzebuerg an huet mir d’Méiglechkeet gi mat him iwwert déi indigene Bevëlkerungsgrupp vun de Yanomami a Nordbrasilien zu schwätzen. Et geet em hire Liewensstil, hire Kampf em d’Iwwerliewen a wat dat alles mat eis ze dinn huet. Hien gëtt begleet vum Silvio Cavuscens deen zënter méi wei 20 Joer mat de Yanomami zesummeschafft a probéiert hier Cause enger méi breeder Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen.
D’Gespréich ass op Franséisch, de Mauricio schwätzt op Portugisesch an alles gëtt iwwersat.
Weider Links:
ASBL Secoya Secoya – Associação Serviço e Cooperación com Povo Yanomami
https://www.secoya.org.br/fr/quem-somos
Filhos da Lua – la voix des Yanomami- Documentaire réalisé par: Mauro Almeida Cabral et Fränk Muno
https://www.citim.lu/filhos-da-lua-la-voix-des-yanomami/
De Besuch bei der Cour grand-gucale
Netflix Dokumentatioun: https://www.netflix.com/lu/title/81503933
Portrait vun de Yanomami: https://www.survivalinternational.fr/peuples/yanomami
Financial Times: Brazil’s indigenous tribes suffer new degradations at hands of illegal miners.
https://www.ft.com/content/49346cc2-7b22-44c9-8ece-5ed151b26d14
Kultur mam Anne vum CITIM:
Claudia Andujar:
Interview
Gaascht: Selma Weber (natur & ëmwelt / Das Büro für Nachhaltigkeit)
Mam Selma Weber schwätze mir iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg a Klimakommunikatioun.
Et gëtt och e klenge Staminee.
De Podcast vum Selma Weber:
Das Büro für Nachhaltigkeit
https://open.spotify.com/show/7l4S4pWuoziqmsnKk8DrSW
Zitéiert Quellen am Staminee:
Laurent Mosar: https://www.land.lu/page/article/337/336337/FRE/index.html
“Jempi”
Weider Links:
Letzte Generation: https://twitter.com/AufstandLastGen
Kultur mam Anne vum CITIM:
Thomas Kruchem: Wie Menschen weltweit das Klima retten : Solar-Pioniere, Wald-Macher, Wasser-Kämpfer
Interview zum Rapport: DIRTY AND DANGEROUS – Rapport sur la durabilité des investissements du Fonds de Compensation
Mat menge Gäscht schwätze mir (op Franséisch) iwwert d’Investitiounstrategië vum Fonds de Compensation, och Pensiounsfong genannt. Firwat ass dëst Thema fir Greenpeace an ASTM wichteg? Wou ass de Lien mat Ëmweltverschmotzung an de Mënscherechter a firwat geet dat eis alleguer eppes un?
Mir maachen och en klenge Staminee mam Myrna Koster.
Link zum Rapport vun der ASTM a Greenpeace Lëtzebuerg: https://astm.lu/dirty-and-dangerous/
Zitéiert Interview mam Alain Reuter:
Weider am Gespréich zitéiert Quellen:
https://paperjam.lu/article/fonds-pension-doit-devenir-plu
https://paperjam.lu/article/reserve-peu-impactee-par-perte
https://www.greenpeace.org/luxembourg/fr/communiques-de-presse/13662/peoplenotprofit/
Kultur mam Anne vum CITIM:
Wer schützt die Welt vor den Finanzkonzernen? (Jens Berger)
https://www.westendverlag.de/buch/wer-schuetzt-die-welt-vor-den-finanzkonzernen/
Interview zum Rapport “LUXEMBOURG’S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES”
Gaascht: Nadine Haas (ASTM)
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert den neie Rapport vun der ASTM “LUXEMBOURG’S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES”. Wéi ass dës Etüd zustane komm, wéi eng Syntheese gëtt et. Ginn et Revendicatiounen un d’Finanzplaz a wei ass de Rapport ugeholl ginn?
Link zum Rapport vu der ASTM: https://nocorporateimpunity.org/report2022/
Zitéiert Interview mam Pierre Gramegna: https://www.rtl.lu/radio/background/a/1843261.html
Weider am Gespréich zitéiert Quellen:
https://paperjam.lu/article/banque-bnp-paribas-en-forte-cr
https://paperjam.lu/article/societes-luxembourgeoises-gagn
Guiding Principles on Business and Human Rights: https://www.ohchr.org/documents/publications/guidingprinciplesbusinesshr_en.pdf
Link zur éischter Sendung mam Nadine Haas: https://www.ara.lu/anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm/episodes/episod-8-beef-mat-beef-and-money/
Kultur mam Anne vum CITIM:
Armutsbekämpfung durch Entwicklungszusammenarbeit. Anspruch – Wirklichkeit – Perspektiven (Frank Bliss)
https://link.springer.com/book/10.1007/978-3-658-32805-4
Interview iwwert Impfongerechtegkeet a Coxav-Campagne
Gaascht: Antoni Montserrat Moliner (https://twitter.com/ToniMontserratM?s=20)
Antoni Moliner était responsable de la politique de maladies rares et du cancer auprès de la Direction de Santé Publique de la Commission européenne de 2004 à 2017 où il a été à l’origine de la Communication de la Commission et de la Recommandation du Conseil sur les maladies rares et de son implémentation dans différents domaines.
Mam Antoni Moliner schwätzen ech iwwert déi weltwäit Impfcampagne, d’Impfongerechtegkeet, d’Problemer vun der Covax-Initiativ an de Patenter op Impfstoffer.
Et gëtt och eng Rubrik “Um Stamminee” an der Mëtt vum Gespréich.
Den Interview ass op Franséisch.
Link zu der europäescher Petitioun: https://noprofitonpandemic.eu/fr/
Ugeschwaten an zitéiert Links:
https://news.un.org/en/story/2021/12/1108622
https://paperjam.lu/article/dons-vaccins-ou-se-situe-luxem
Lien vers la citation de Ambassador Tai:
Kultur mam Anne
Zeitschrift E + Z Entwicklung und Zusammenarbeit
Online-Links: archive/202106″>https://www.dandc.eu/de/archive/202106
Interview iwwert Climate Imperialism
Gaascht: Liza Maza
Liza Maza ass Secretary General vun ILPS, der International League of Peoples’ Struggle (https://ilps.info/en/). Sie souz och fir Gabriela Women’s Party am philippinnesche Representantenhaus.
Mat hier schwätzen ech iwwert Klimaimperialismus a wouranner een dëse festmaache kann. Wien bestëmmt de Kampf géint de Klimawandel, wéi gëtt e finanzéiert an wien profitéiert dovun? Wat si Beispiller fir Klimaimperialismus op de Philippinnen?
Den Interview ass op Englesch.
Links zu den ugeschwaten Ëmweltkatastrophen:
https://miningwatch.ca/news/2019/4/3/marcopper-mine-spill-and-unending-wait-justice
https://miningwatch.ca/news/2019/4/3/marcopper-disaster-tragedy-continues-people-s-veins
Kultur mam Anne:
Buchtipp: How beautiful we were. A novel. Imbolo Mbue
Interview zur COP26 zu Glasgow
Gaascht: Carl Philip Dybwad
De Carl Philip Dybwad war als Youth Delegate op der Pre-COP zu Mailand an der COP26 zu Glasgow. Mat him diskutéieren ech iwwert seng Andréck, seng Roll an op Jonker iwwerhaapt en Impakt op der Cop hunn an haten. Och schwätze mer iwwert Zukunft vun der COP an iwwert déi zukünfteg Host Cities vun de COPs 27 an 28.
Den Interview ass op Englesch.
Dem Carl Philip Dybwad kennt der och op Twitter an Instagram followen:
https://www.instagram.com/cpdybwad/?hl=en
https://twitter.com/CarlDybwad
Agenda:
Interview zur COP26 zu Glasgow
Gaascht: Baas Brimer
https://www.linkedin.com/in/baas-brimer-433a67b/
Mam Baas Brimer, Ëmwelt- a Klimaexpert bei LuxDevelopment, schwätzen ech am Detail iwwert d’COP26 déi den 31. Oktober zu Glasgow ugefaangen huet. Mir schwätzen iwwert d’Geschicht vun der COP, Erwaardungen an Enttäuschungen, d’Roll vu Lëtzebuerg an de Sënn vun enger Klimakonferenz am Joer 2021.
Wärend dem Gespréich verweist de Baas Brimer op eng Ried vun enger jonker Aktivistin aus dem Joer 1992. De ganze Video fannt Dir hei:
Listen to the Children – Severn Cullis-Suzuki’s famous speech on the environment (1992): https://www.youtube.com/watch?v=JGdS8ts63Ck&t=85s
Zitéiert Tweeten:
https://twitter.com/luisamneubauer/status/1447850506123153410
https://twitter.com/GretaThunberg/status/1455645904858386433
Agenda:
Den Interview
Gaascht: Noémie Losch, Ecpat Luxembourg
Mam Noémie Losch vun Ecpat hunn ech iwwert Voluntourismus geschwat. Wat genau heescht dat? Firwat ass et schiedlech fir béid Säiten? Wat fir eng Industrie stécht derhannert a wien profitéiert vun der Nofro no Vakanz mat e bëssen Hëllef? E wichtegt Thema fir déi déi driwwer nodenken e Stage am Ausland ze maachen, awer och fir Leit déi esou eppes scho mol gemaach hunn an driwwer reflektéiere wëllen.
Hei eng Lëscht vun interessante Links déi d’Noémie Losch recommandéiert:
https://www.responsible-volunteering.com/check-your-choice/
http://benevolat.public.lu/fr/espace-benevole/check-list-benevoles/index.html
Um Stamminee
Gaascht: Jorge Valente vum Reesmagazine Diaries of… https://www.diariesofmagazine.com/author/jorge/
Parole: Den Tourismus ass verantwortlech fir 8 Prozent vum globalen CO2-Ausstouss
Podcast-Ëmfro
Mier invitéieren Iech un eiser Podcast-Ëmfro deelzehuelen, dëst hëlleft eis dëse Podcast ze evaluéieren an ze verbesseren. Merci!
Den Interview
Gäscht:
Robert Leven, Conseiller an der Gemeng Hesperange an Sekretär vum Klima-Bündnis International (https://leven.lu/ueber-uns/)
Paul Ruppert, freieren Co-Coordinateur vum Klima-Bündnis Letzebuerg fir den Mouvement Ecologique an freieren Schäffen vund er Gemeng Sandweiler
D’Klima-Bündnis Letzebuerg feiert seng 25 Joer. Iwwert 40 Gemengen sinn Member vun desem Netzwierk. Waat heescht et Klima-Bündnis-Gemeng ze sinn? Waat huet eng Letzebuerger gemeng mat den indigenen Bevölkerungen am Amazonas-Gebitt ze dinn? Waat huet sech an den leschten 25 Joer geännert?
Um Stamminee
Gaascht: Tjards Wendebourg, Auteur vun “Der Kies muss weg”.
Parole: Für mich geht das alles zu weit. Ich darf mit meinem Grundstück und meinem Geld machen was ich will. Man kann doch nicht alles regulieren? Wenn ich da sauberen Kies haben will, dann ist das meine Entscheidung und geht Sie nichts an.
D’Campagne vum Mouvement Ecologique zum Thema Schottergäert fannt Dir HEI
Den Interview
Gaascht: Nadine Haas (ASTM)
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert déi ominéis Multinational JBS an hier Aktivitéiten zu Lëtzebuerg. Wat sinn hier Aktivitéiten a firwat brauchen se dofir 23 Bréifkëschten? Wat mëscht JBS a Brasilien? Mier schwätzen och iwwert wirtschaftspolitesch journalistesch Recherche zu Lëtzebuerg.
Den Reporter.lu-Artikel zu JBS (payant): seine-plaene-in-luxemburg/ »>https://www.reporter.lu/der-fleischgigant-jbs-und-seine-plaene-in-luxemburg/
D’Folleg vun Last Week Tonight: https://www.hbo.com/last-week-tonight-with-john-oliver/2021/152-episode-211
Um Stamminee
Gaascht: Morgane Weidig
Parole: « Die Debatte darf sich nicht zuspitzen auf die Bevormundung, dass Fleisch einmal die Woche reicht. Für einen Büromenschen auf dem Vegan-Trip vielleicht – für den Bauarbeiter nicht. » (Bayerns Wirtschaftsminister Hubert Aiwanger, Freie Wähler, in einem Interview der « Bild »-Zeitung vom Donnerstag)
Den Interview
Gaascht: Pia Eberhardt (Corporate Europe Observatory)
Den Energy Charter Treaty ass en internationalen Traité deen net besonnesch bekannt ass, momentan awer staark an der Kritik steet, well en no der Meenung vun ville ONGen déi essentiell wichteg Energietransitioun blockéiert an erschwéiert. Mam Pia Eberhardt, enger renomméierter Expertin zu dësem Thema, schwätzen ech iwwert dësen ominéisen Traité, déi aktuell Verhandlungen fir eng Modernisatioun vum Traité an der Roll vun Lëtzebuerg.
Lien vum Traité: https://www.energychartertreaty.org
Lien op déi aktuell Petitioun: https://nocorporateimpunity.org/noect/
Um Stamminee
Gaascht: Rosalia Nunez Mendez (Amnesty International Luxembourg, Coordinatrice d’activisme & campagnes)
Den Interview
Gaascht: Antonia Ganeto (Porte-Parole Finkapé)
https://www.facebook.com/Finkap%C3%A9-109446040448417/
Dësen Interview soll net den Rassismus erklären, dat ass an den leschten Joren genuch gemaach ginn, mä den Diskurs iwwert Rassismus. Den Interview orientéiert sech un dësem Text vun der Antirassismus-Trainerin Tupoka Ogette.
Wärend dem Gespréich gëtt op d’Sendung “Die letzte Instanz” higewisen. Déi vill diskutéiert Episod vun dëser Sendung ass hei ze fannen.
Am Gespréich gëtt och eng Kontrovers iwwert eng Veranstaltung vun Lëtz Rise Up zitéiert. Den Lien zur Veranstaltung fannt dier hei.
D’Kontrovers kann hei nogelies ginn.
Um Stamminee
Gaascht: Andy Schammo
Parole: « Een ze froen wou een hier kennt ass dach kee Rassismus! »
Den Interview
Gaascht: Ivonne Yanez vun Accion Ecologica am Ecuador
Mat mengem Gaascht schwätzen ech iwwert hier NGO Accion Ecologica am Ecuador. Sie setzt sech fir d’Rechter vun der Natur an a schafft zesumme mat den indigene Bevëlkerungen am Ecuador. Sie erkläert firwat Frae besonnesch ënnert dem Klimawandel leiden a firwat et hirer Meenung no wichteg ass Ecofeministin ze sinn.
Websäit: https://www.accionecologica.org/
Um Stamminee
Gaascht: Maxime Miltgen (JIF, Präsidentin Femmes Socialistes)
Feminismus brauch kee méi: d’Fraen sinn haut gläichberechtegt a wat viru ville Joren berechtegterweis gefuerdert gouf ass haut realiséiert.
Websäit JIF: https://fraestreik.lu
Websäit Femmes Socialistes: https://www.lsap.lu/femmes-socialistes/
Den Interview
Gaascht: Jean-Louis Zeien – President vun Fairtrade Luxembourg
Mir schwätzen iwwert d’Initiative pour un devoir de vigilance zu Lëtzebuerg, déi rezent Entwécklungen, d’Kandidatur vun Lëtzebuerg fir en net-permanenten Setz am UN-Mënscherechtsrot an déi politesch Aarbecht vun Fairtrade.
Weider Informationen:
Um Stamminee
Gaascht: Karel Lambert (AKABOBUTTEK)
« Wann mer keng Kleeder méi kafen déi aus Bangladesch kommen, dann ass deene Leit och net gehollef, well dann hu Sie keng Aarbecht méi. Esou einfach ass dat alles net! »
Websäit vum Akabo Buttek: http://www.akabo.lu.
Den Interview
Gaascht: Dietmar Mirkes, Responsabel fir Koordinatioun vum Nord-Süd-Volet an de Gemenge vum Klima-Bündnis bis Enn 2020.
Mir schwätzen iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg virun de Fridays for Future Protester. Wéi ee Klimaaktivismus brauch et an der Zukunft a wat heescht d’Ofso vun der COP26 zu Glasgow fir d’Klimapolitik op der Welt?
Um Stamminee
« De Klimawandel gëtt et net, Klimaverännerunge gouf et ëmmer. D’Wëssenschaftler sinn sech net eens. »
Weider Informatiounen ënner: https://www.klimabuendnis.lu/faktencheck-klimawandel-1/
Den Interview
Gäscht: Natasha Lepage & Jerry Simon vun Youth for Climate Luxembourg
Um Stamminee
« Et héiert een scho laang näischt méi vum Greta. Dat weist jo einfach dass datt alles nëmmen en Medienhype war an total iwwerdriwwen. Esou wichteg ass Klimakris jo dann wuel net. »
Gaascht: Nicolas Hentgen
Den Interview
Gaascht: Nicolas Hentgen, Finanzanalyst an Klimablogger. https://www.klyme.online
Um Stamminee
« Daat mat der Flugscham verstinn ech einfach net. Firwat soll ech mech schummen mam Fliiger ze fleien, den Fliiger flitt dach egaal op ech dran setzen? »
Gaascht: Michelle Dammé