Gëschter Owend ass am Kader vun enger ëffentlecher Soirée am Casino d’Art Contemporain den Lëtzebuerger Bicherpräis 2013 iwwerreecht ginn.
Déi glécklech Lauréaten sinn den Centre d’Information Tiers Monde (CITIM) an d’Bibliothéik vum CID- femmes. Den Präis, eng Skulptur vum Klaudia Kampa, gouf entgéint geholl vum Richard Graf, President vun der ASTM, an vum Josée Kappweiler vum Cid-femmes. Déi zou Bibliothéiken goufen ausgezeechent fir hiren jorelangen Engagement d’Themen ze dokumentéieren an un d’Ëffentlechkeet ze bréngen, déi op aneren Platzen net ugebuden ginn. Sou stellt den CITIM säit 1982 seng Dokumentatioun iwwert Drëtt Welt Themen dem Publik zu Verfügung, an ass domat déi eenzeg Bibliothéik vun dësem Genre zu Lëtzebuerg.
Den “Lëtzebuerger Bicherpräis” gëtt zanter 2010 vum Verlag ultimomondo iwwerreecht. Ausgezeechent gi Leit oder Organisatiounen, déi sech op hir spezifesch Manéier ëm d’Literatur verdéngt gemaach hunn.
De «Lëtzebuerger Bicherpräis» ass an éischter Linn fir déi geduecht, déi am Hannergronn eng gutt Aarbecht leeschten, meeschtens onopfälleg ouni vill Gedäisch. A Fro kommen zum Beispill Literaturwëssenschaftler, Editeuren, Grafiker, Journalisten, Librairen, Bibliothécairen, oder Vertrieder vun Institutiounen oder Organisatiounen, déi intensiv fir d’Verbreedung vun der Literatur schaffen.
Déi dräi éischt Laureate waren d’Corina Ciocârlie, Literaturwëssenschaftlerin, Schrëftstellerin a Publizistin (2010), d’Germaine Goetzinger, Literaturwëssenschaftlerin, fréier Direktesch vum Centre national de littérature (Servais-Haus Miersch) an engagéiert Promotrice vun der Lëtzebuerger Literatur (2011), an de Salon du Livre et des Cultures (CLAE), déi bedeitendst international Literaturmanifestatioun zu Lëtzebuerg (2012).

- De Koubold, eng Keramikskulptur vum Klaudia Kampa, symboliséiert de «Lëtzebuerger Bicherpräis»
-
Carte blanche vum Richard Graf, Präsident vun der ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) – Trägerin vum CITIM (Centre d’Information Tiers Monde)
Wéi ech héieren hunn, datt de Citim – also den Drëtt Welt Informatiounszentrum vun der ASTM – de Lëtzebuerger Bicherpräis 2013 „ex-aequo“ mat der Bibliothéik vum Cid-Femmes géing iwwerreecht kréien, dunn hunn ech mech gefrot, wat dann elo eigentlech de gemeinsamen Nenner tëschent dem Cid an dem Citim wier.
Ob den éischte Bléck, ass do mol de Numm, op alle Fall den Ufank vum Numm: „Centre d’information“, am schéinste Stater Lëtzebuergesch.
Also: Zwee Zentren, déi mengen si missten de Leit erkläre wéi d’Welt – d’Männerwelt fir di eng, an di sougenannten Drëtt Welt fir di aner – géing funktionéieren.
Wéi d’ASTM Ausgangs den 1980er Joren den Citim – deen du schonn e puer Joer um Bockel hat – wollt weider professionaliséieren, an sech duerfir fir eng Unerkennung vun der „Education au développement“ beim Lëtzebuerger Kooperatiounsministère staark gemaach huet, dunn huet den deemolege Kooperatiounsstaatsekretär gemengt, hien hätt keng Loscht Staatssuen fir „Propaganda“ auszeginn.
Leider hat hien – a vill vu sengen deemolege Kollegen a Kolleginnen aus der Politik – net verstanen, datt et guer net ëm Propaganda, am Sënn vu Reklamm maache fir eng bestëmmten Organisatioun, gaangen ass.
Mir, dat heescht d’ASTM an awer och eng Rei aner Organisatioune wollte just dat, wat mer déi Zäit den Nord-Süd-Konflikt genannt hunn, dem Public méi no bréngen.
De kale Krich war grad derbäi op en Enn ze goen. An där wichteger Ëmbrochphase sollten d’Perspektive vu ganze Regioune vun der Welt, déi vill zum Räichtum vun den Industrielänner bäigedroen haten, ouni selwer dovunner ze profitéieren, thematiséiert ginn.
Den „Tiers Monde“ sollt jo eigentlech vun der sougenannter Friddensdividende nom Enn vum Ost-West-Konflikt profitéieren.
Haut wësse mer: Den Aarmut an der Welt ass net onbedéngt méi kléng ginn. Am Géigendeel.
Ëmmerhin: Initiative wéi de Citim, an d’ONGen am allgemengen, hunn, spéitstens no der Konferenz fir Ëmwelt an Entwécklung vu Rio 1992, eng gewëssen Unerkennung erfueren an hir materiell Aarbechtskonditiounen hunn sech kontinuéierlech verbessert
Sou profitéiert d’ASTM fir hir Ëffentlechkeetsarbecht – fir déi de Citim eng Aart Dréi- an Angelpunkt ass – vun engem Accord Cadre mam Kooperatiounsministère.
Ouni Kofinanzéierung kéinten di vill a wichteg Bicher, Dokumenter an awer och Spiller, CDen a Filmer kaum engem gréissere Public zougänglech gemaach ginn.
D’„société civile“ brauch sech haut also net méi ze verstoppen.
Si gëtt och heiansdo ëm hir Meenung gefrot, wann och leider net ëmmer gehéiert.
An och wann de Nord-Süd-Konflikt sech an de leschte Joere verännert huet, sou heescht dat net, datt Daseinsberechtegung vun deem, wat emol eng Kéier „Drëtt-Welt-Bewegung“ genannt gouf verschwonne wier.
Wa mer an der Ära virum Internet virun allem Informatiounsaarbecht geleescht, an bestëmmten Zesummenhäng iwwerhaapt emol op Tapéit bruecht hunn, sou geet et an de leschte Joeren éischter drëm, der Iwwerinformatioun entgéint ze wierken.
De Misär kennt zwar elo all Dag iwwer d’Televisioun – d’Dabberbillerkuckmaschinn, wéi de Guy Rewenig dat eemol genannt huet – an eis gutt Stuff, a per Internet kenne mer quasi an Echtzäit Petitioune géint di eng oder aner Ongerechtegkeet ënnerschreiwen.
Awer d’Ursaachen an d’Hannergrënn vun all deem, wat an der Welt esou geschitt, déi verschwannen an engem grousse Chaos vu Biller a virun allem Clichéen. Vu lauter Beem, gesi mer de Bësch net méi.
Thematesch Bibliothéike, wéi de Cid-Femmes an de Citim, erlaben awer genau déi roud Fiedem, déi eis am Duercherneen heiansdo verluere ginn, nees erëmzefannen an zesummen ze knäppen.
Et ass dat komplizéiert Pistespill, wat mer och nach Bewosstsäinsbildung nennen, wat eis esou wichteg schéngt: Problemer net nëmme benennen, mä och erkennbar maachen, firwat d’Saachen esou sinn, wéi se sinn.
Dat ass eng laangwiereg Entreprise, also genau de Konträr vun der Ugangs erwähnter Propaganda, déi vu kuerzen a prägnante Slogane lieft. Eng Propaganda, déi Virurteeler éischter verstäerkt, wéi se ze hannerfroen.
Duerfir fänke mer jo och schonns mat deene ganz Jonken un. Net well si besonnesch einfach ze endoktrinéiere wären, mä well si dach eng Onbefaangenheet un den Dag leeën, déi et erlaabt mat hinnen Themen a Problemer ze beschwätzen, ouni vir d’éischt emol e ganze Koup voller Virurteeler aus dem Wee ze schafen.
Dobäi spillt d’Buch, deem säin imminenten Doud scho bal esou oft virausgesot ginn ass, wéi et der ASTM nogeluecht gouf, den „Tiers Monde“ aus sengem Numm ze sträichen, eng wichteg Roll.
Op fir Fiktiouns- oder Sachbicher, Bibliothéiken erliewe grad eng Renaissance, och hei zu Lëtzebuerg. Hier Vernetzung iwwert de Bibnet – och dat eng Gemeinsamkeet tëschent dem Cid an dem Citim – ass bal eppes wéi eng Ironie vun der Geschicht: Den Internet bréngt d’Lieser an d’Lieserinnen dem Buch méi no wéi jee.
Ee ganz spezielle gemeinsamen Nenner vum Cid-Femmes a vum Citim well ech awer hei net onerwähnt loossen.
Eigentlech ass et net e gemeinsamen Nenner mä e VER-Nenner: En fänkt mat F un a e geet mat K weider – neen et geet net ëm FKK, d’freie Körperkultur – och wann sou munnech Hären, déi Zäit wéi si beim MLF, der Virgängerorganisatioun vum Cid-Femmes, nach Hausverbot haten, sech oft gefrot hunn, wat dann do an dem Fraenhaus alles géing gedriwwe ginn.
Nee, gemengt ass e gemeinsame Feind – jo och esou eppes ka verbannen – deen de Cid esouwuel wéi den Citim am léifste géing aus der Welt schafen.
Ech mengen dir hutt et erausfonnt: Ech schwätze vum Här Fernand Kartheiser.
Seng Geréngschätzung fir de Cid-Femmes dierft bekannt sinn, an esou munnech question parlementaire huet hie versicht de Cid als sektäre Klippchen duerzestellen, deen sech just fir d’Frae géing asetzen.
Hien huet verlaangt di ëffentlech Finanzéierung vom Cid misst gestoppt oder zu engem gläichen Deel och un eng Jongebibliothéik verdeelt ginn.
Zum Gléck war di zoustänneg Ministesch op Zack, an huet dem Här Kartheiser geroden, sech selwer dervun ze iwwerzeegen, datt am Cid och Jonge kenne vun der räichhalteger Offer profitéieren.
Ech hu mer soe gelooss, dat hie bis haut nach net am Cid opgetaucht ass, fir sech e Bild ze maachen, wat do alles am Sënn vun enger e bëssche manner zougeknäppter Gesellschaft geleescht gëtt.
An och d’Nord-Süd-Kooperatioun ass dem nämmlechten Här en Dar am Aen.
Hien ass zwar net géint Entwécklungshëllef, mä hie stellt dat Ziel 1 Prozent vun eisem PIB fir d’Nord-Süd-Kooperatioun ze reservéieren a Fro. Dat wier eng fräiwëlleg Verflichtung, obligéiert wiere mer just fir 0,7 Prozent ze ginn.
Glécklecherweis war hie mat där Meenung op enger rezenter Table Ronde, déi de Cercle vun den Drëtt-Welt-ONGen organiséiert hat, „allein auf weiter Flur“.
D’ONGe sinn net onbedéngt dem Här Kartheiser seng beschte Frënn. A wann se e bëssche méi kritesch Téin vu sech ginn, wat de Rôle vu Lëtzebuerg a sou munnech däreg Dossieren ugeet, da schwätzt och hie gäre vu Propaganda, fir déi kéng ëffentlech Gelder dierften ausgi ginn.
Fir et kuerz a kloer ze maachen: Wann et dem Här Kartheiser géing no goen, da géif et weder et Cid nach e Citim ginn.
Dann hätt de Verlag ultimomondo sech missen eng Aner afale loossen an – e Punkt vun deem ech net weess op en dach net eppes Positives u sech gehat hätt – ech hätt hei keng Ried missen halen.
De Wielerwëlle wollt, wann och zimmlech knapp, datt den Här Kartheiser och weider parlamentaresch dierf un der Existenz vu Cid a Citim krazen.
D’ASTM, als Trägerin vum Citim, hofft natierlech, datt elo déi – duerch e majoritäre Wielerwëlle gedroen – nei Regierungsmajoritéit eis net um Altoer vum Spuerfestischismus wäert opferen.
An deem Sënn kennt eng Auszeechnung wéi de Bicherpräis natierlech genau zum richtege Moment.
An duerfir soe mir vu ganzem Häerzen: Merci!






